Gudd geniert, frou vu Verdauung an der renger Loft gounge mer am spéiden Nomëtten duerch de Bësch tëscht dem weltbekannten Nopeschduerf an eisem. Matzen an deem breeden Dall, geschützt duerch d’Dennen an der Schnéidecke war et roueg hei, bis op deen een oder anere Mupp. Heiansdo war en Jet iwwert eis ze héieren, also ee Klenge mat e puer Räiche läit dran. Mee et war kee Wand méi an d’Beem stounge roueg fir d’Sonnestraalen net ze verletzen. Mir hunn näischt gesot, mir haten d’Rou an ech hu missen u mäi Grousspapp denken. Hie war Fernseh-Techniker nom Krich an huet, wéi ech en an Erënnerung hunn, all Owend säin Tour gedréint am Quartier. Nom Iessen huet e seng Fläsch Béier ausgedronk an ass eraus trëppele gaang, net wäit, bis op de Kaltreis an zréck. Hien huet ni vill geschwat. Fernseh virum aschlofen, e léiwt Wuert zu mir. Nuets huet e geschnaarcht. Ech hunn e réicht besser kenne geléiert Joeren nodeems e gestuewen ass. Ech hu seng Fotoen gekuckt déi en a Vakanze gemaach huet, mat vill Regie-Uweisungen u meng Bomi, oder méi aler aus senger Jugend.
Um Réckwee aus dem Bësch loung d’Duerf virun eis op der Géige-Säit vum Dall, schonn an der däischterer Fielsmauer, schonn an der Pente. D’Schlass-Hoteler hu geblénkt a geliicht an hunn dem Duerf, wat laang an dënn op der Pente läit eng Fortificatioun ginn an eppes Schützendes. Am Fall wou et en Ugrëff géing ginn aus dem Flaachland wiere mer gudd geschützt an et hätt ëmmer Piano-Musék. Gudd fir eis. Nom Iessen hu mer eis, wéi vill aaner Gäscht deen Owend am grousse Sall an eng Fotell fale gelooss an hunn nach e puer Ficelle mat Whiskey lassgemaach. Ouni Brutalitéit mee mat Bestëmmtheet hu mer dräi Whiskey zou eis geholl. Sou war et oft virun engem Dag wéi e virun ons stoung.
De Wecker ass um halwer 4 gaang, ech si kuerz virdrun erwächt. Yeah, what is that? Hat eng Bekannt gesot nodeems mer iwwert d’Kapp-Auer geschwat haten. De Kapp weess ganz genau wéi eng Zäit ass sot ech. He knows exactly. It just knows. Eng hallef Stonn drop souz ech bei mengem Begleeder an der Kummer. Schlass-Hoteler schéin a gudd mee se sinn net gemaach fir Leit déi en Job z’erleedegen hu wéi mir. Et gouff Birchermüsli an Téi. Kee vun eis huet geschwat, net wéint Middegkeet.
Et war net di cleverst dësen Tour matzen am Januar ze maache wann et wierklech kaal ass an dobäi spéit hell gëtt mee mer hate keng Zäit ze verléieren, haaptsächlech aus Flaachland-Grënn. An esou stounge mer kuerz viru 7 um Enn vum Gletscherdall virun enger Fielswand, an der Däischtert. Virun 10 Joer war hei nach Gletscher, well mer sou oft heihi koumen hu mer mol net méi doriwwer geschwat. D’Gletscherdall, wéi aanerer, war perfekt ronn op de Säiten, keng zackeg Fielsvirspréng, eng poléiert Halfpipe-ähnlech Form bis uewe bei d’Bam-Grenz. An hei wou mer stoungen, eben dësen Treppleck iwwert dee virun 10 Joer nach Äis gefloss ass. Wéi es neméi genuch do war ass den Deel ënnert dem Treppleck direkt verschwonnen an de Gletscher huet sech hannert dem Treppleck verstoppt. Op de Säite vum Dall sinn nach vereenzelt Äis-Elementer déi awer vum Buedem a vum Sand verstoppt sinn. Alles aanescht ass haarde ronne Fiels. Wéi Pavé an enger Alstad ass all Steen ronn, ob grouss oder kleng. Am Summer kann een dem Äis beim Schmëlzen nokucken an de Steng beim Falen. Et ass wéi e Meteorite-Schauer, reegelméisseg an onbegräifbar, der Erosioun nokucken an enger Zäitlechkeet déi mir kuerzliewegem Wiesen eppes bedeit.
Chance hate mer well dëse Wanter bis elo quasi kee Schnéi gefall ass, wat méi oft di läscht Joere virkoum. Soss hätt et nämlech kee Wäert gehat bis heihin ze komme well eist Zil net accessibel gewiecht wier. Elo ware mer also un der éischter Tëschestatioun an hunn eis Cramponen ugedoe fir datt ons de Buedem net abhande kënt. Hell gouff et no 8, ouni Kontrast um Buedem well d’4000er Groupe nach laang Schied geheien a wäisse Schnéi einfach just gläichméisseg hell gëtt. Mer ware wäit iwwert dem Fielstreppléck mee hate missen op grouss Schnéischung ëmklamme fir iwwert de Polwerschnéi um Gletscher ze kommen. Och huet eis elo e gespaant Seel verbonne fir eng Sëcherheet ze hunn. Um flaache Gletscher war keng Spuer méi, an obwuel mer d’Spalten hei kannt hu konnt ee sech awer net sëcher si wat genau ënnert dem Schnéi ass, dee se hei iwwerdeckt. De flaache Gletscher-Réck hate mer um 9 bewältegt. Um Gletscher-Réck ze stoen ass wéi op dem eidele Glacis-Parking ze stoen. Esoueng grouss relativ flaach Fläch fillt sech extreem verkéiert u well d’Ëmfeld esou aanescht ass. An de Bierger ass all Meter mat Iwwerwannung verbonnen, an da kënt esou eng riiseg flaach Plaz tëscht Fielsen an Onerreechbarkeet. An awer kann een net einfach driwwer trëppelen, wat ee sech ëmmer rëm soe muss fir keng Feeler ze maachen.
D’Sonn huet eis lues a lues opgeholl, mir ware gudd an der Zäit. Wéi mir, ass och d’Sonneluucht lues a lues d’Dall eropkomm an huet Loftzich d’Dall eropgedréckt. Eist Zil loung steil virun eis, baal iwwert eis, wéi wann et all Moment kippe géing. De Gletscher, a grousse brutale Stécker opgebrach pescht um Fiels, ouni Iwwerzeegung. Eist Zil war hannert dem éischte Block, an der éischter grousser Spalt. Deen éischte Block hat d’Héicht vun engem Ee-Familien-Haus an huet eis nach engker eng gudd hallef Stonn kascht. Mir hunn Äisaxt a Crampon benotzt fir iwwert Schnéibrécken de Wee hannert de Block ze fannen, dee sech vun hannen, an der oppener Crevasse net iwwerraschend als riisegen Äiswürfel gewisen huet. Hei wou kee Schnee hikoum war just transparent haart Äis. Keng wäiss mëll Schnéitextur oder Styropor, just Waasserbeton mat reegelméissege Rëss. Während mer eis e Stand ageriicht hunn op deem mer sëcher ware koum d’Sonn méi no a mer konnten eis Kapp-Luuchten ausmaachen. Ech hunn d’Geschier prett gemaach a mäi Begleeder huet de Gaskocher opgestallt un ugeknippst. D’Geräisch vun der Flaam huet sech tëscht den Äis-Wänn verluer. D’Geschier war Audio-Equipment, haaptsächlech Mikroen. Eis Aarbecht am Äis war et genau 20 Mikroen um Äis unzebréngen, an zwar esou datt se eng Sphere bilden. Genau huet et net misse si mee d’Mikroen hu misse stabil am Äis fixéiert gi mat Äis-Schrauwen, eng pro Mikro. Äis-Schrauwen andréie gëtt ustrengend wann een et 20 mol maache muss, wéi mer dunn erausfonnt hunn. All Mikro huet misse feste Kontakt mam Äis maache fir all Well am Äis opzehuelen. Un all Mikro hung en déck isoléierten an numerotéierte Kabel déi mer op e Koup an der Mëtt vun eisem Stand getesselt hunn. De Raum an deem mer stounge war knapp 1 Meter breed op enger Längt vun 20 Meter, dono huet d’Spalt eng aaner Richtung geholl. Iwwert eis ware gudd 10 Meter Äis, doriwwer e Plafond aus Schnéi. An ënnert eis war Äis an niewt eis Loft. Mäi Begleeder huet mat senger Axt Äis kleng gemaach, direkt aus dem Gletscher geschloen, an et opgekacht. Dat war net unbedéngt néideg, mer haten nach e bëssen Téi. Mee besser Hëtzt mat apaacken. Als Kraidertéi koum et an eis Thermos-Fläschen. 5 Minuten Zäit hu mer eis geholl fir der Flaam no zekucken déi d’Äiswänn nach e bësse méi blo gemaach huet. 5 Minute fir der Flaam nozelauschteren an näischt ze soen. Aus mengem Rucksaack hunn ech eng schwaarz Këscht geholl, sou grouss wéi eng Schungkëscht, just onzerstéierbar. Bannendra war en Toun-Recorder montéiert. D’Kabele ware schnell connectéiert, de Recorder war schonn agestallt an d’Këscht huet just nach missen um Äis fixéiert ginn. Et war 11 wéi mer eng läschte Kéier hannert eis gekuckt hunn an eis op de Réckwee gemaach hunn.


