Mëttwoch Owend, däischtergro, lëfteg, kaal. Dëst ass keng gudd Zäit fir Choralegesäng. Ëmmer rëm probéieren ech mer se unzelauschteren, Stabat Mater, mee et sinn einfach zevill Stëmmen am Kapp, vun den Zuelen hir. An et versetzt een an eng onnéideg schwéier Verfaassung, alles gëtt bedeitungsschwéier, wéi nom zweete Béier – wann een alleng ass.
An de läschten Deeg gesinn ech manner Hënn op der Strooss a méi Autoen. Ech halen dat fir e Virzeeche vun eppes Gréisserem, engem Ëmbroch villäicht, enger Nei-Configuratioun. D’Muppe kënen näischt dofir natierlech, si wëllen einfach gudd Muppe sinn. Mee eng aaner Configuratioun kënt.
Et ginn di Fliigeren di bannen eidel sinn an déi fir Gravitéits-Experimenter benotzt ginn. De Fliiger steigt, mëcht d’Motoren an de Leerlaf a geet esou schnell erof datt d’Gravitéit opgehuewe gëtt. Alles fällt an alles schwiewt – eng kuerzweileg Freed a Fräiheet vun enger Kraaft déi onbemierkt alles esou schwéier mëcht. Verschidde Leit musse sech dann iwwerginn, de Kapp versteet net. Et kennt een dat aus Astronauten-Dokue vum Fernseh. E Parabol-Flug widderhëllt dëse Loop, net nëmmen ee mol, d’Schwéierkraaft kënt zréck, verschwënnt, an et setzt wuel d’Routine an. D’Gravitéit op alle Fall kënt zréck an ech behale mer d’Recht fir bis dohin nach e bëssen duerch de Fliiger ze fléien, ze falen, vläit eng Kopplabunz ze maachen, oder zwou. Ech behale mer weiderhin d’Recht vir, net do opzekomme wou ech ugefaang hunn ze falen.
Och wëll ech meng Elteren ëmaarmen a meng Frënn, net unbedingt op der nämlechter Plaz natierlech an net all beineen. Vläit këne mer Reie bilden oder nom Zoufallsprinzip, egal. Den Draam vun der Chercheurs-Carrière um Südpol op alle Fall, deen Draam vergeet mam Wand. Ech wäert en net vermëssen.